Biisser Clubbroschür 2022/23

Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger,

Zu Biissen si mir verwinnt vun engem aktive Veräinsliewen an alle Beräicher. Dëst ass ee Stéck Liewensqualitéit vun deem mir alleguer profitéiere kënnen.
Erméiglecht gëtt dat natierlech just duerch éiergäizeg, engagéiert Veräinsleit, sief dat am Comité wéi als aktive Member.

An de leschten Deeg hutt dir sécherlech eis nei ausgeschaffte Sport- a Fräizäitbroschüre an ärer Bréifkëscht fonnt.
Mir soen alle Responsabel vun de Veräiner Merci, déi eis Dokumenter, Photoen an Donnéeën iwwert de Veräin zoukomme gelooss hunn.
Ouni iech hätte mir des flott Broschüre net zesumme stelle kennen, déi besonnesch interessant fir eis nei Matbierger ass.

 

 

Dir gesitt datt och an der Vergaangenheet schonn eng grouss Offer vun Evenementer an Aktivitéiten an eiser Gemeng gebuede gouf.
Um neie Sportkomplex kennen eis Veräiner endlech op modern Infrastrukturen zréck gräifen, och wann nach déi eng oder aner Upassunge musse gemaach ginn.
Mat engem neie Kultur a Kongresszenter wäerte mer och de Besoin vun eise kulturelle Veräiner an Zukunft kennen ofdecken.
Eis Veräiner leien eis um Häerz dofir ass et eis wichteg eis Veräiner net nëmmen mat eiser Bongenaktioun ze ënnerstëtzen, mee hinnen och de Réck ze stäipen, sollten si an de nächste Méint a finanziell Schwieregkeete geroden.
D’Veräinsliewe soll Spaass maachen!

Am Numm vum Schäffen- a Gemengerot wënschen ech iech vill Freed beim Liesen,

Roger SAURFELD
Schäffen vun der Gemeng Biissen

 

Documents et liens