D‘Crèche „Margréitchen“ gëtt vun elisabeth (Anne asbl.) verwalt a ka bis zu 39 Kanner, tëscht 2 Méint a 4 Joer, betreien.
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vu 6:00 bis 19:00 Auer.
An de Schoulvakanzen ass d’Crèche vu méindes bis freides vu 6:00 bis 19:00 Auer op.

Aschreiwung:
Fir Äert Kand an der Crèche unzemellen, kënnt Dir op cbis.elisabeth.lu d’„Fiche de renseignements“ eroflueden, ausfëllen an zesumme mat Ärem „Certificat de travail“ vun Ärem Patron un d’Crèche schécken. Dir gitt vun der Chargée de direction kontaktéiert, fir e Rendez-vous ze maachen.
Eng Agewinnung vum Kand an der Crèche ass obligatoresch fir d’Aschreiwung a muss op d’mannst ee Mount am Viraus geplangt sinn.
All genannten Informatioune fannt Dir am Detail op eisem Internetsite: cbis.elisabeth.lu