D’Maison Relais „Un der Atert“ gëtt vun elisabeth (Anne asbl.) verwalt.
D’Kanner vun 3 bis 12 Joer kënnen an der Maison Relais „Un der Atert“ betreit ginn.
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vu 7:00 bis 19:00 Auer.
Fir dass all Modul och kann assuréiert ginn, musse mindestens dräi Kanner ageschriwwe sinn.
An de Schoulvakanzen ass d’Maison Relais vu méindes bis freides vu 7:00 bis 19:00 Auer op.

Aschreiwung:
Fir Äert Kand an der Maison Relais unzemellen, kënnt Dir op rbis.elisabeth.lu d’„Fiche de renseignements“ eroflueden, ausfëllen an zesumme mat Ärem „Certificat de travail“ vun Ärem Patron un d’Maison Relais schécken.
All genannten Informatioune fannt Dir am Detail op eisem Internetsite: rbis.elisabeth.lu