Atelier communal

Den neie Gemengenatelier, an der Industriezon Klengbousbierg

D’Haaptuleies vun der Planung vun eisem neie Gemengenatelier ass genuch Plaz ze schafen, fir di eenzel bestoend Siten a Raimlechkeeten, déi dem Service Technique aktuell zur Verfügung stinn, op enger Plaz ze zentraliséieren. Dëst op engem strategesch perfekt geleeëne Grondstéck an der Industriezon Klengbousbierg um Rouscht.

Op dëse Site solle Raimlechkeete kreéiert ginn, fir d’Gefirer, Maschinnen, Handwierksgeschir, Büroen, Vestiairen a virun allem di néideg Atelieren fir preparativ Aarbechten ënnerdaach ze kréien.

Grousse Wäert ass vun dem Architekt an den Ingenieuren op en héich funktionellt Gebai geluecht ginn, getrei dem Thema „Form Follows Function“, wat spuersam mat eisen, dach wäertvollen, Ressourcen ëmgeet. Dofir war séier kloer, dass de Schwéierpunkt op:

  • Flächen Ekonomie
  • Material Ökologie
  • Material Ekonomie an
  • Nohaltegkeet

geluecht soll ginn

Wat heescht dat am Kloertext?

Eisen zukünftege Site ass mat 68 x 75 Meter op den éischte Bléck zwar grouss, mee sämtlech Funktiounen, déi op eisem Rez-de-Chaussée ënnerkomme sollen, brauchen extrem vill Plaz. Mir schwätzen hei vu ronn 2.100m2 Notzfläch, di sou ënnereneen organiséiert soll sinn, dass d’Weeër am Gebai kuerz sinn, an d‘Grondstéck sou mann wi méiglech iwwerbaut soll ginn. Dëst gëllt natierlech net nëmme fir de Rez-de-Chaussée, mee och fir di aner Etagen, a well all m2 kascht, ass versicht ginn, sou mann wi méiglech Beweegungsfläch tëschent deenen eenzelne Raim ze generéieren.

Am Keller si virrangeg Vestiairen an Archivflächen, um Rez-de-Chaussée Atelieren a Surfacë fir Gefirer, an op der Etage Stockage an Bürösflächen.

E wichtegen Aspekt, deen och maassgebend d’Form vun de Fassadë geprägt huet, war d’Ustrengung, fir jidder Raum a Couloir mat natierlechem Liicht ze versuergen, ouni dass dëst zu Verblendungen oder Iwwerhëtze vum Gebai féiere soll. Dofir sinn de Gros vun de Baussewänn, déi Fënsteren enthalen, sou geneigt, dass dës Fënsteren eng natierlech Verschiedung hunn, a gréisstendeels op Jalousien, Rideauen oder Rollluede verzicht ka ginn.

Ënner Material Ökologie versti mir an dësem Fall, sou vill wi méiglech op nohalteg Baumaterialien zeréckzegräifen. Mir hu versicht d’Gebai sou opzebauen, dass et e massive Betonskär huet, an u sech eng Baussenhüll aus Holz. Dëst erméiglecht eis, dem Gebai déi néideg Stabilitéit a Sécherheet ze ginn, an awer och verschidden Elementer zäitspuerend am Atelier virzefäerdegen, an dann ebe sur Place a kuerzer Zäit anzebauen. Et ass vill Wäert drop geluecht ginn, déi beschte Symbiose ënner deenen eenzele Materialien, wéi Beton, Stol an Holz ze fannen. Keent kënnt a senger Mass méi zum Asaz wéi et wierklech néideg ass.

Dofir och dat Thema Material Ekonomie. Mir hunn an Zesummenaarbecht mat eisen Ingenieure versicht d’Gebai mat sou wéineg wéi méigleche Baudeeler opzebauen. Nohaltegkeet ass net nëmmen en Thema vu Materialitéit, mee och en Thema vun der Mass u konstruktiven Elementer, déi verbaut ginn. Jee manner Material ee fir dëse Volume verschafft, ëm sou méi nohalteg ass dësen. Dës zwee Sujete sinn an dësem Fall och bis op d’Äusserst ausgereizt ginn.

Mir wëllen awer net nëmme mam Bau selwer nohalteg sinn, mee och mat der Haustechnik, déi hei verbaut wäert ginn. Dofir baue mer an dësem Fall op Geothermie a Photovoltaïk, fir sou d’Gebai energetesch autark ze kréien, respektiv wäerte mer méi Energie herno produzéieren, wéi mer der brauche fir dass d’Gebai operabel ass. Notzwaasser fir d’Wäsche vu Maschinne wäerte mer aus dem Reewaasser recuperéieren. Déi Diech, wou keng Photovoltaïk drop kënnt, wäerte begréngt ginn, fir sou de Reewaasser Reseau ze entlaaschten. Doduerch dass Fënsterflächen net der direkter Sonn ausgesat sinn, kënne mer op eng Klimatisatioun verzichten, kënnen awer iwwer d’Geothermie am Summer gratis dëst Gebai passiv ofkillen, ouni Energie ze verbëtzen. Och soss gëtt vill Wäert drop geluecht, dëst Gebai dem Zäitgeescht entspriechend op Hightech ze trimmen, deen awer sënnvoll soll agesat ginn.

Ënnert dem Stréch schafe mer hei e Gebai mat 3.300m2 renger Notzfläch an engem Volume vun 10.717m3, fir datt de Service Technique déi nächst 30 Joer dem Bierger e proppere Service ka garantéieren.

Erwänenswäert ass op dëser Plaz, dass de Gemengenatelier an Zesummenaarbecht mat dem ganze Service Technique, wéi och Service Regie vun der Gemeng Biissen, dem Architekt an den Ingenieuren an eenzele Workshops entwéckelt an entworf gouf. Jidder eenzele Mataarbechter, deen herno op dësem Site schaffe wäert, ass an de Plangungsprozess mat implizéiert ginn, an huet sech direkt mat dru bedeelegt, dass de Projet zu deem ginn ass wat e lo ass, nämlech zukunftsorientéiert, an op den Notzer moossgeschneidert zougeschnidden.