Skip to main content
Skip to footer

Fir eis Kanner

Sonneseegelen – d’Gemeng Biissen léisst eis Kanner net am Ree stoen !

 

D’Gemeng Biissen huet 3 Sonneseegelen am Schoulhaff installéiert. Déi sollen eis Kanner géint eng ze staark Sonn schützen, mee och bei schlechtem Wieder
e Schutz ginn.

 

 

 

 

 

 

 

ff

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Biisser Schoul – Eng modern Schoul

Elo am Ufank vum Schouljoer huet eise Schäfferot de Schüler vun der Biisser Schoul 60 iPad’s iwwerreecht. All Cycle aus der Grondschoul huet ee Koffer mat jee 10 Stéck iwwerreecht kritt. D’Schüler kënnen doduerch elo och an de Fächer wéi “Coding” schaffen, mä och fir déi traditionell Fächer bréngen d’iPad’s ee modernt Léiererliefnis. D’Sécherheet gëtt grouss geschriwwen a gëtt vu jee engem Responsabel vun de Cyclen an och vun der Gemeng iwwerwaacht. All Cycle huet 14. Oktober 2022 verschidden Uspréch an dofir och verschidden App’s
déi jee vun hire Responsabel erop geluede kënne ginn. Och déi ganz Maintenance ka vun engem Computer  an der Gemeng aus gemaache ginn. Nieft den iPad’s ass d’Biisser Schoul duerch d’Smarttafelen an och de Laptopsrack, mat 25 Laptoppe super  opgestallt fir d’Schüler op d’Zukunft virzebereeden.

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom