Biissen setzt op Elektro – Chargy-Borne verdeelt duerch d’Duerf !
D’Gemeng Biissen setzt weiderhin op nohalteg Mobilitéit. Aktuell existéieren Chargy-Borne quasi an all Cité an Eck vum Duerf. Elo goufe weider Bornen an der
neier Cité an der Bléi installéiert, direkt beim Senioreresidenz.

