Ofwaasserinfrastruktur

Fir méi Liewensqualitéit – Biissen schéckt Reen an Ofwaasser op d’Rees !

 

Op engem 29. Oktober 2021 huet et zu Biissen geheescht : «Ouverture vun elo un vun der “Route de Mersch” um Niveau vun der CFL Bréck, aus alle Richtungen! Dës Aarbechte waren néideg fir en neien Ofwaasserkanal Richtung Kläranlag op der Bleesbréck (SIDEN) a parallel dozou ee proppere Reewaasserkanal ze leeën.» Domadder geet ee Projet op en Enn, deen der Croissance vu Biissen Rechnung dréit, fir Ofwaasser vu Biissen op d‘Bleesbréck ze transportéieren, eng vun de gréissten a modernste Kläranlagen aus dem Land. De Projet, deen 2016 ugefaangen huet, besteet aus 2 Phasen.

PHASE I :
Wéi déi meescht Lëtzebuerger Gemenge gëtt och Biissen an engem Mëschsystem entwässert, d.h. wou Reen- an Ofwaasser zesummen an engem Kanal ofgeleet ginn. Bis 2019 ass d’Ofwaasser an der Uertschaft Biissen an enger biologescher Kläranlag  (Konstruktiounsdatum : 1975) mat enger Kapazitéit vun 2000 Awunnergläichwäerter traitéiert ginn.
Dës Infrastruktur fir d’Ofwaasserbehandlung huet net méi den Ufuerderunge vun der haiteger Technik zum Schutz vun eise Gewässer entsprach, an dësem Fall d’Atert. En plus, duerch di grouss demographesch Evolutioun vum Anzuchsgebitt, war se permanent iwwerlaascht. Ausserdeem ass et wichteg unzemierken, dass d’Oplage vun der Ëmweltverwaltung dozou féieren,
datt de Bau vun enger neier Kläranlag matzen am Zentrum vun enger Uertschaft net méi geet. Dës Oplage schreiwen nämlech eng minimal Distanz tëschent enger Kläranlag an de Wunnzone vir, an et géif een enorme Käschtepunkt mat sech bréngen, fir Gerochs- a Geraischemissiounen op e Niveau ze bréngen, deen deenen Oplage géif gerecht ginn.
Op Basis vun enger Vergläichsetude aus dem Joer 1992 hunn déi Responsabel vun der Ëmweltverwaltung, zesumme mat de Gemengenautoritéiten, deemools en Uschloss un d’Kläranlag vun der Bleesbréck als finanziell, technesch an aus Entretiensgrënn als sënnvollst.Alternativ gutt geheescht.

Den detailléierte Projet huet an enger éischter Phase de Bau vun engem neie Kollekter virgesinn, fir domadder den Iwwerlaf N°1 “rue de Colmar-Berg” an an enger zweeter Phase och aner Iwwerleef eranzehuelen, fir sou déi al Infrastruktur kënnen ausser Betrib ze huelen. Eng Infrastruktur déi d’Ofwaasser quasi onverdënnt bei Reewieder an d’Atert ofgeleet huet.
An deem Kader huet sech och direkt ugebueden, eng Friemwaasserachs ëm ongeféier eng 20m matzeleeën, fir ee signifikant Aussegebitt direkt an d’Atert ze leeden.
Zweetens huet den Dossier e Reeniwwerlafbecke mat Pompelstatioun virgesinn. Duerch den Héichtenënnerscheed tëschent dem lokalen Ofwaasserreseau an dem neie Kollekter wär et onëmgänglech, scho bei dréchenem Wieder d’Ofwaasser mussen ze pompelen. Heimat ass dann och den Iwwerlaf “rue des Moulins” ausser Betrib geholl ginn. D’Schaltscheef fir d’Steierung a sämtlech elektresch Komponente sinn an engem Déngschtgebai ënnerbruecht. Den Iwwerlaf ass mat engem Reech ekipéiert, deen d’Feststoffer am Basseng zeréckbehält an d’Gewässer vu Verschmotzunge schützt. Fir Entretiensaarbechten an d’Spulle vum Basseng gëtt d‘Waasser duerch eng Hydrophoranlag aus dem Grondwaasser opbereet.

Drëttens huet de Projet de Bau vun engem gravitäre Kollekter tëschent Biissen a Colmar-Bierg virgesinn. Parallel dozou ass eng speziell Gaine matgeluecht
ginn, fir de Reeniwwerlafbecke vu Biissen un de bestoenden Iwwerwaachungsreseau vun der Bleesbréck unzeschléissen. Weider Infoen zum Projet :

• Preliminär Ofstëmmung iwwert d’Etude am Comité syndical vum SIDEN am Februar 2010, déi de 5. Dezember 2013 vum Inneminister ënnert
der Referenz “Disp. 71/08” approuvéiert gouf ;
• 1997 huet d’Gemeng Biissen schonn en éischten Deel vum gravitäre Kollekter Richtung Colmar-Bierg iwwert eng Längt vun ongeféier 450
Meter geluecht.

 

 

 

 

PHASE II :
Zum gréissten Deel am Mëschsystem entwässert, weist de Reseau grouss Defiziter duerch veraalt Deversoiren op, Bauwierker déi bei Reewieder als
Bypass fonktionnéieren an een Deel vum Ofwaasser a Richtung Baach „entlaaschten“. Dëst weist sech am heefegen a massiven Iwwerlafe vun Ofwaasser an d’Gewässer, hei an d’Atert.
Di zweet Phase gesäit de Bau vun engem neie Kollekter op der lénker Säit vun der Atert vir. Op enger Längt vun 285m ass den aktuellen DN300 Kollekter duerch een DN600 bis DN1200 Kollekter ersat ginn. Op der rietser Säit ass deementspriechend och de Kollekter erneiert ginn. De Bau vum neie Kollekter an der Phase II huet dozou gefouert, dass folgend Iwwerleef konnten ausser Betrib geholl ginn:
• Iwwerlaf N°2 «Rue du Fossé»;
• Iwwerlaf N°8 op der Héicht vun der Zuchbréck
an der «Rue de Mersch»;
• Iwwerlaf N°9 «rue de Finsterthal»;
• Iwwerlaf N°11 an der «route du Roost»
an der Entrée vun der Cité Maes;
• Iwwerlaf N°12 an der «route du Roost»
an der Entrée vun der Cité Steekräiz.

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom