Skip to main content
Skip to footer

EMW Programm

Europäesch Mobilitéitswoch zu Biissen

Ëmmer vum 16-22. September

Mobilitéit fir jiddereen


16.09

Informatiounsdag – Mobilitéit, Energie & Klima

Bei der AMECO

Fir eis Betriber:

PROGRAMM:

  • 12:15-13:15 Auer: Wëllkomm mat engem Maufel
  • 13:30-13:45 Auer: Usprooch vum Buergermeeschter
  • 13:45-14:15 Auer: Schroeder et Associés – Mobility Management
  • 14:30-15:00 Auer: Energiepark Réiden – Energieanalyse an Gemeinschaft
  • 15:20-15:30 Auer: Klima-Agence – Hëllefe fir d’Betriber
  • 15:50-16:20 Auer: Business Club Bissen

Fir eis Bierger :

Am Kader vun de KlimaPakt Assisen.

Porte Ouverte ab 16:45 Auer.

Hei fannt dir Informatiounen zu verschiddenen Betriber an Agencen, Infostänn an zwou Präsentatiounen mat folgenden Sujeten:

  • 17:00 – 17:30 Auer: EKOS – KlimaPakt (Aktuellen Stand)
  • 17:45 – 18:15 Auer: Klima-Agence – Klimabonus-Bäihëllef fir d’Bierger (Fokus op de Beräich Elektromobilitéit, HEMS, Batteriespäicher an Photovoltaik)
  • 18:15 Auer: Oppen Diskussiounsronn

17.09

Mat der Maison Relais op ee VËLOSTOUR mat enger GLACE

D’Maison Relais organiséiert ee flotten Tour iwwert d’Vëlospiste fir d’Kanner. Unschléissendmachen si een kurzen Stopp beim Cyclo Croc fir eng lecker Glace ze iessen.Wann dir wëllt matmaachen, denkt un äre Vëlo.


18.09

Aweiung vum Park an der Bléi

Beim Amphitheater am Park

Den Park an der Bléi hëllt soulues Form un, dat heescht, et gëtt Zäit dësen anzeweien. No epuer Wieder vum Buergermeeschter an engem Eirewäin kënnen d’Leit sech natierlech ochde flotten Park unkucken.

PROGRAMM:

  • 16:30 Auer: Rendez-vous beim Amphitheater am Park
  • 16:45 Auer: Ried vum Buergermeeschter
  • Unschléissend: Eirewäin an Visitt vum Park

19.09

Familjendag am Park

Een Dag voller Spill a Spaass fir Grouss a Kleng. Flott Aktivitéiten fir jiddereen an Iessen anGedrénks vum Biisser Fussball. Fir jiddereen ass eppes dobäi!

PROGRAMM:

  • vun 11 bis 18 Auer: Animatioun, Iessen an Gedrénks am Park

21.09

Coffee to Go

Bei der Gemeng

Profitéiert moies vun engem leckere Kaffi an engergudder Mëtsch bei der Gemeng.

 

Visitte an engem Betrib fir den 3. Alter

Treffpunkt fir den Tour: Sportscomplex Biissen

Am Nomëtte kënnen eis Bierger vum 3. Alter sech fir eng Visitt vun Kiowatt aschreiwen (limitéiert Plazen) mat engem uschléissenden Kaffi a Kuch. Mir wëllen drop hiweisen, dass et um Tour vill Trapen ginn (!!!) an dass en dowéint nitt konform fir jiddereen ass. D’Visitte ass op lëtzebuergesch. Unmeldung per Telefon (83 50 03 – 538) oder per Email (emw@bissen.lu).

PROGRAMM:

Coffee to Go:

  • 7:00 – 9:00 Auer: Kaffi a Mëtschen bei der Gemeng

Visitt vu Kiowatt:

  • 13:30 Auer: Trëffpunkt beim Sportskomplex zu Biissen
  • 14:00 Auer: Visitt vun Kiowatt
  • +/- 16:00 Auer: Retour an d’Sportshal fir Kaffi a Kuch

22.09

Car Free Day – d’Schoul moolt Strooss

Fir den Car Free Day gëtt d’Rue de la Gare fir de ganzen Dag gespaart. Dëse Moment notzt déi Biisser Schoul fir de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, d’Strooss an ee Konschtwierk ze verwandelen.

Am Kader vum Car Free Day ruffe mir natierlech och jidder anere dozou deen Dag op den Auto ze verzichten a mam Bus, Zuch, Vëlo, … op d’Arabescht, an d’Schoul, oder all aner Plaz ze fueren.


 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom