Skip to main content
Skip to footer

Télévie

Dëst Joër mecht Biissen déi eichte Kéier beim Télévie mat.

De Sënn an Zweck vum Télévie ass et d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukemie bei de Kanner virun ze bréngen. Dëse Projet kann een mat engem Don un Télévie ënnerstëtzen (Kontosnummer vum Biisser Télévie ënnen op dëser Säit)


All d’Fotoen fannt dir hei: https://bissen.lu/galerie/televie-zenter-biissen/ 


18. Abrëll 2026: Télévie zu Biissen❤️

Den 18. Abrëll ass dat groußt Télévie Event zu Biissen wou mir vill flott Aktivitéiten ubidden an wou dir mat engem Don den Projet ënnerstetzen kënnt.

Den genauen Programm kënnt nach no!

 

‼️Wichteg Datumer

21. November 2025: Nationalen Lancement vum Télévie

28. November 2025 (Chrëschtmaart): Lancement vum Biisser Télévie

18. Abrëll 2026: Télévie zu Biissen


News (méi News ënnen op dëser Säit)

News- Gewënnspill (20. Abrëll 2026)

Mir gratuléieren de Gewënner vum Gewënnspill:

  1. Prais: Mario Breyer
  2. Prais: Jörg Maring
  3. Prais: Claude Wagener

D’Gewënner ginn offiziel per Post ugeschriwen wann se um Dag vum Télévie nitt konnten deel huelen.


News- Gewënnspill (18. Mäerz 2026)

 Nach 1 Mount bis zum groussen Télévie Dag!

D’Spannung klëmmt – an deng Chance och! Gewann 2 Joer Full Leasing vun engem CUPRA Born, zur Verfügung gestallt vun der Garage Losch

Sécher dir elo däi Lous:

  • Iwwert Payconiq verfügbar bis den 15. Abrëll (just den QR Code op dësem Flyer)
  • Per Virement mat der Kommunikatioun “Auto Verlousung” (Bankdaten op bissen.lu/televie)

  • Den 18. Abrëll och nach direkt um Télévie Site ze kaafen

D’Auslousung ass am spéiden Nomëtteg den 18. Abrëll um Télévie-Site – vläicht bass du de gléckleche Gewënner!

An dat Bescht: All Lous zielt fir de gudden Zweck – de ganze Erléis gëtt gespent.

1 Lous kascht 20€, an wat méi Lousen kaaft ginn, wat eng mei héich Gewannchance.

Soubaal den Gewënner gezunn gëtt, gëtt dësen och op eisem Facebook Site “Télévie zu Biissen” an op bissen.lu/televie verëffentlecht. Mam Akaaf vun engem Lous akzeptéiert fir d’Konditiounen vum Gewënnspill, dës fannt dir op bissen.lu/televie.

Probéier däi Gléck… an hëllef dobäi eppes Wichteges z’ënnerstëtzen!


News – Krimi Dinner fir den Télévie – 7. Mäerz 2026

Den 7. Mäerz gouf et an der Hal Frounert richteg spannend: Krimi Dinner fir den Télévie.

Begleet vun engem flotten an interaktiven Theaterstéck vum Cercle Dramatique Bissen konnten eis Gäscht net nëmme maträtselen, mee sech dobäi och e leckere 5-Gäng Menü schmaache loossen – gekacht vum Bieschbecher Atelier.

Net nëmmen den Owend selwer war eppes Besonnesches, mee och de Service hat et an sech. Dëse gouf nämlech vu verschiddene Prominenten iwwerholl! E grousse Merci un: Léon Gloden, Martine Hansen, Marc Angel, Jeff Boonen, Liz Braz, Tilly Metz, Djuna Bernard, Diane Wunsch, Steve Diederich, Serge Pauly an och dem Ben vum Cyclo Croc.
Fir nach méi flott Impressioune vun dësem spannenden Owend ze gesinn, klickt gär op de follgende Link: bissen.lu/galerie/krimi-dinner-fir-den-televie/

Ee ganz grousse Merci u jiddereen, deen dësen aussergewéinlechen Owend fir de gudden Zweck méiglech gemaach huet


News – Offiziellen Lancement vum Télévie Zenter Biissen – 28. an 29. November 2025

Den 28. an den 29. November huet eisen traditionelle Biisser Chrëschtmaart stattfonnt – dëst Joer awer mat engem besonnesche Highlight ✨

Nieft de villen Stänn an der festlecher Stëmmung gouf nämlech och den offizielle Lancement vum Télévie-Zenter Biissen gefeiert! Mat enger Ried vum Roger Saurfeld, dem President vum Organisatiounscomité, gouf d’Initiativ offiziell ageleet. Hien ass dobäi vum ganze Comité ënnerstëtzt ginn, souwéi vun de Presidentinnen a Presidente vun de Biisser Veräiner, deene mir fir hir wäertvoll Mataarbecht ganz häerzlech Merci soen 🤩

Mir freeën eis op déi kommend Méint, an deene mir zesumme mam Télévie op den groussen Dag den 18. Abrëll hinschaffen an eis intensiv virbereeden❤

 

 

 

 

 

 


Maacht Ären Don!

Titulaire: Fondation Kiwanis CP 2

IBAN: LU55 0019 8055 1163 7000

BIC: BCEELULLXXX

Adresse: 52, Am Duerf L-8289 Kehlen


 

 

Merci!!

 


Télévie Gadgeten:

Op der Gemeng hu mir e puer flott Gadgeten leien, déi dir kaafe kënnt, an domat och e klenge Bäitrag fir de Télévie maacht. Wann dir also gär een (oder méi :D) Gadget(s) wëllt, kommt roueg bis laanscht!

Mir hun folgend Saachen:

Kamellen : 3 €

Strëmp : 10 €

Kaffibechere : 10 €

Prabellien : 20 €

Kichendicher : 5 €

Kerzen : 10 €

Textmarkeren: 5 €

Jute-Beutelen : 8 €

Pins : 3 €


Informatiounen fir d’Veräiner an Betriiber:

Wann dir als Veräin een Fest am Numm vum Télévie organiséieren wëllt, dann muss dir op ärem Flyer an all aner Publikatioun den vektoriséierten Logo vum Télévie benotzen. Fir deen ze kréien kënnt dir d’Gemeng kontaktéieren.

Äußerdems kënn dir är Manifestatioun am Agenda vun der Télévie androën, dann publizéieren sie dat op hirer Internetsäit: televie.rtl.lu/agenda/form

Wann dir den QR Code fir den Télévie-Bankkonto vun Biissen wëllt hun kënnt dir och d’Gemeng kontaktéieren.

 

Wann dir een Event am Kader vum Télévie Biissen maacht, dann maachen mir och op eisem Facebook Werbung fir iech, dofir musst dir eis just ären Flyer schécken an an 1-2 Sätz soen ëm wat et op ärem Event geht.

 

Kontakt:

Email: televie@bissen.lu

Email: televie-team@bissen.lu (Organisatiouns Comité)

Tel.: +352 83 50 03 – 538

Facebook: Télévie zu Biissen


Gewënnspill: Auto Leasing

🚗 1. Organisateur

D’Gewënnspill gëtt organiséiert vun: Télévie Zenter Biissen.

🎟️ 2. Participatioun

  • D’Participatioun ass nëmme méiglech duerch de Kaf vun engem Lous.
  • All kaaft Lous entsprécht enger eenzeger Participatioun.
  • Participéiere kënnen all Persounen ab 18 Joer.

🕒 3. Dauer vum Gewënnspill

  • D’Gewënnspill leeft vum 18. Mäerz 2026 bis 18. Abrëll 2026.
  • Louskeef no dësem Datum ginn net méi berücksichtegt (mat Payconique bis den 15. Abrëll, dono awer nach den 18. Abrëll um Télévie Dag ze kaafen).

🎁 4. Präis

  • De Gewënn ass e Leasing-Kontrakt fir en Auto vun der Mark Cupra, den Modell Born.
  • Dauer vum Leasing: 24 Méint
  • Maximal Kilometer/Jahr: 20.000km

🧾 5. Ziehung an Gewënner

  • D’Zéiung fënnt statt den 18. Abrëll 2026 duerch en zoufällege Computer-Algorithmus. Deen Dag ginn d’Donnéeë vum Gewënner genotzt fir dësen auszeruffen.
  • De Gewënner gëtt iwwer Social Media an per Courrier informéiert.
  • Wann de Gewënner sech net bannent 7 Deeg mellt, gëtt en neie Gewënner gezunn.

📝 6. Konditioune fir d’Ausbezuelung

  • De Leasing-Kontrakt gëtt op den Numm vum Gewënner ausgestallt.
  • De Gewënner muss all néideg Dokumenter virleeën (Identitéitskaart, Führerschäin, eventuell Kreditcheck vum Leasingpartner).
  • Sollt de Leasingpartner de Gewënner net akzeptéieren (z. B. wéinst engem negative Kreditcheck), kann de Präis net a Suen ausbezuelt ginn an de Gewënner verléiert de Recht op de Präis.

💶 7. Kee Cash-Ersaz

  • De Präis kann net a Bargeld oder an aner Leeschtunge ëmgewandelt ginn.

📸 8. Publizitéit

  • De Gewënner erkläert sech domat averstanen, datt säin Numm a Foto fir Marketingzwecker vum Organisateur dierfe benotzt ginn (optional).

🔐 9. Dateschutz

  • All perséinlech Donnéeë ginn nëmme fir d’Organisatioun vum Gewënnspill benotzt a net un Drëttpersoune weiderginn, ausser et ass fir d’Ausféierung vum Leasing néideg.

⚖️ 10. Verantwortung

  • Den Organisateur iwwerhëlt keng Verantwortung fir technesch Problemer, déi d’Participatioun behënneren.
  • Juristesch Weeër sinn ausgeschloss.

🛑 11. Akzeptanz vun de Konditiounen

  • Mat dem Kaf vun engem Lous akzeptéiert de Participant all uewe genannte Konditiounen.

News

News – Offiziellen Lancement vum Télévie 2026 – 21. November 2025

Den 21. November war den nationalen Lancement vum Télévie 2026.

Een Deel vum Organisatiounscomité vu Biissen war an der RTL City wou dat zesummen gefeiert gin ass, an wou den David Viaggi och een klengen Interview am Live Fernseh ginn huet.

Dëst Joër ass och een speziellt Joër, et ass nämlech déi 25. Editioun vum Télévie hei zu Lëtzebuerg.

 

 

 

 

 

 

 

 


News – Télévie Gadgeten op der Gemeng

Mir verkaafen elo Télévie Gadgeten op der Gemeng! Kommt bis laanscht kucken an kaaft eppes fir den gudden Zweck 🙂

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom