Skip to main content
Skip to footer
Le 15.09.2024 à (1 rue des Sports, L-7795 Bissen)

Marche Gourmande

Par: Biisser Musek
Tel.:: 621 969 227
Marche Gourmande

Nom groussen Erfolleg vun de leschte Joren, ass d’Biisser Musek frou Iech heimat op hir dräizéngt Marche Gourmande ze invitéieren.

Den 14 km laange kulinareschen Trëppeltour féiert Iech queesch duerch Biissen mat senge faarwege Bëscher, fruchtbare Wisen an iwwert déi schéinste Koppe vun eiser Gemeng.

Ab 8.30 Auer geet et am 30 Minuttentakt bei der Biisser Sportshal fort. De leschten Depart ass um 11.30 Auer. Ofschloss vun eiser Randonnée ass erëm an der Sportshal zu Biissen.

Menü an 8 Etappen:
1. Kaffi a Croissant
2. Aperitif an Amuse-Bouche
3. Couscouszalot mat Gefligel
4. Apelsorbet mat Calvados
5. Rëndsragout mat Purée a Geméis (Vegetaresch: Kniddele mat Geméis)
6. Kéisplateau
7. Digestif a Knippercher
8. Dessert a Kaffi
Zu all Plat gëtt et eng vegetaresch Variant a bei all Plat ass ee Gedrénks dobäi.

Präisser:
Erwuessener: 60 €
Kanner (6-15): 32 €
Kanner (3-5): 15 € (Kannermenü: 1, 5, 8)
Kanner <3 Joer: gratis (ouni Iessen a Gedrénks)

Reservéiert ab elo iwwert eisen Internetsite:
www.fanfarebissen.lu

Documents et liens

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom