Publiée le 17 janvier 2023

Gratis salzfräi Streemëttel op ärer Gemeng!

Och dëst Joer bitt d’Waasserhaus vu Réiden erëm Wanterstree ouni Salz un, fir op d‘Trottoiren an d‘Afaarte vun de Privatleit ze streeën. Salzfräi Streemëttel sinn net geféierlech fir eis Gewässer a bidden och soss eng Rei Virdeeler. Streegranulater op Basis vu Lava oder Toun si rutschhemmend a suergen domat fir ee besseren Halt um Äis. Dat poréist Material hëlt och een Deel vun der Fiichtegkeet op, sou datt d’Weeër insgesamt manner rutscheg sinn. D’Stree ass frëndlech zu den Déierepatten a kann nom Schnéi an Äis ouni weideres an d’Blummebeet oder an de Wues gekiert ginn, wou et sech mat der Zäit zersetzt. Nodeem datt mir an de leschten 2 Joer Lavastree ugebueden hunn, kënnt Dir ab dësem Wanter Streemëttel op Basis vun Toun bei eis bezéien, fir doheem auszeprobéieren.

D’Gemeng Biissen offréiert 1 Sak (10kg) gratis salzfräit Streemëttel pro Biisser Stot.
D’Distributioun leeft vun elo un an der Receptioun vun der Gemeng Biissen no Präsentatioun vun ärer Carte d’identité.

Opgepasst : Limitéierte Stock! 

 

FR

Gravillons sans sel gratuit auprès de votre commune! Ce gravillon respectueux de la nature et des pattes des animaux peut être facilement jeté dans les bacs à fleurs ou sur votre pelouse, où elle se décomposera peu à peu.

La commune de Bissen offre gratuitement 1 sac (10 kg) de ce gravillons par foyer résident à Biissen. La distribution est faite auprès de la réception de la commune de Bissen sur présentation de votre carte d’identité.
Stock limité! 

 

 

GB

Free salt-free gravels from your municipality! After snow and ice, this nature- and animal-friendly gravel can be easily thrown into flower boxes or onto your lawn, where it will gradually break down.

The municipality of Biissen offers 1 bag (10 kg) of salt-free gravel for free per household residing in Bissen. The distribution is made at the reception of the municipality of Bissen on presentation of your identity card. Limited volume! 

 

PARTNER