Feux d‘artifice / Freedefeier
Informatiounen betreffend dem oofschéissen Freedefeier
E Freedefeier bréngt Kaméidi, Knascht a Gefore fir Mënsch an Déier mat sech. Dowéinst a fir d‘Propretéit vum Duerf ze garantéieren, rappelléiert de Schäfferot un d’Awunner dass verbueden ass, ouni Autorisatioun vum Buergermeeschter, Freedefeier an d’Luucht ze schéissen a Knupperten explodéieren ze loossen.
De Buergermeeschter wäert fir d’Nuecht vu Silvester KENG GENEEMEGUNG ausstellen. Dëst aus Sécherheetsgrënn an zum Wuel vun der Ëmwelt an den Déieren!
Et ginn allerdéngs flott Alternative wei de „Light Painting“. Wann Dir Äre Fotoapparat op Langzäitbeliichtung stellt, kënnt Dir mat Käerzen, Späizmännercher an och Täschenluuchte Biller moolen. Och mam Handy ginn et eng sellegen App’s fir „Light Painting“ ze maachen.
Dir kënnt eis Är Wierker gäre Weisen an se op com@bissen.lu schecken.
Informations concernant le tir de feux d‘artifice
Le feu d‘artifice signifie nuisances sonores, déchets et dangers pour l‘Homme et les animaux. Pour toutes ces raisons et pour assurer la propreté du village, le collège des bourgmestre et échevins rappelle aux habitants qu’ il est interdit d‘allumer des feux d‘artifices et des pétards sans autorisation.
Cependant, AUCUNE AUTORISATION ne sera établie par le bourgmestre pour la nuit de la Saint-Sylvestre. Ceci pour des raisons de sécurité et de protection de l’environnement et des animaux!
Il existe toutefois des alternatives sympathiques tel le „light painting“. Il suffit de mettre votre appareil photographique sur longue exposition pour prendre des clichés de chandelles, de cierges magiques ou de lampes de poche pour faire des dessins dans l’air. Il existe aussi de nombreuses applications pour GSM ayant le même effet.
Vous êtes bienvenus à envoyer vos clichés à com@bissen.lu.