Seefekeschterennen 2022

D‘Jugendhaus Biissen
an Zesummenaarbecht
mam Club des Jeunes Biissen an dem Jugendhaus Hesper
invitéieren op hiert

 

Biisser Fun Seefekëschterennen 2022
Sonnden, 25. September 2022 zu Biissen

 

Bass du, deng Kolleegen oder Famill drun interesséiert deel ze huelen ?
Bass Du tëscht 8 an 99 Joer al ?

 

Du bass kreativ, hues Loscht (an denger Summervakanz)
eng original a flott  Seefekëscht ze bauen ?

Oder du bass schonn am Besëtz vun enger cooler Seefekëscht ?!

 

Da mell dech un bis den 18. September 2022 op
jugendhaus@bissen.lu

 

Flott Präisser ze gewannen!
…ënnert anerem fir  d’Kategorien :

– beschte Chrono

– déi kreatiivste Seefekëscht

– …

 

 

Weider Informatiounen
Tél.: 26 94 84 50

 

Geneeë Dagesprogramm

9h00 – 10h30

Check-In + Probefahrten

10h30 – 12h00

Zäitfueren riit erof (Kategorie no Kategorie, jiddereen 2 mol)

12h00 – 13h00

Paus

13h00 – 15h00

Zäitfueren Slalom (Kategorie no Kategorie, jiddereen 2 mol)

15h30

Präisiwwereechung

 

Reglement Seefekëschterennen 2022

Documents et liens

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom