Pedibus

PROJECT „PEDIBUS“ AN DER BIISSER GEMENG

Keen illegaalt Parke méi um Trottoir oder Zebrasträife bei der Schoul! Am September 2022 stellt d’Gemeng Biissen de Projet “Pedibus” fir Grondschoulkanner fir. Am Kader vum Projet ginn d’Kanner fir d’éischt op e puer Arrête laanscht eng Streck opgeholl an op séchere Weeër ze Fouss an d’Schoul begleet.
De Pedibus ass änlech wéi den traditionelle Schoultransport, den Haaptënnerscheet ass dass komplett op ee motoriséiert Gefier verzicht gëtt.De Projet “Pedibus” soll net nëmmen de Chaos am Schoulëmfeld verréngeren a gläichzäiteg den Asaz vu Privatautoe minimaliséieren, mee och d’Kanner fréizäiteg iwwert d’Verkéierssécherheet bei der Schoul an am Duerf opklären a fir den Ëmweltschutz sensibiliséieren.
Am Kader vun dësem gesellegen Erliefnis hunn d’Kanner och d’Méiglechkeet zesumme mat hire Frënn a Begleeder an d’Schoul ze trëppelen.

Am Kader vum Projet Biisser Pedibus ginn d’Kanner op e puer Arrête laanscht eng Streck opgeholl an op séchere Weeër zu Fouss an d’Schoul begleet. Iwwer 20 Kanner hate sech fir d’Première vum Biisser Pedibus ugemellt. Haut trëppelen an der Moyenne eng 30 Kanner all Dag an d’Schoul an zréck heem, an dat  ënner Opsiicht vun eisem Personal  aus der Maison Relais ! Duerch de Pedibus hoffe mir, d’Verkéiersopkommes ronderëm d’Schoul ze reduzéieren an doduerch eise Kanner eng méi grouss Sécherheet ze garantéieren. Aktuell ass et eng Linn, déi als Pilotprojet vun der Rentrée u virgesi war, well et déi war mat der gréisster Demande. Am Juni 2023 soll eng Ligne mam Quartier an der Bléi bäikommen. No an no sollen awer nei Linnen dobäikommen.

 

 

PROJET « PEDIBUS » DANS LA COMMUNE DE BISSEN

Fini les stationnements illicites sur les trottoirs ou sur les passages pour piétons autour des écoles ! La commune de Bissen a lancé pour la rentrée en septembre 2022 le projet Pedibus qui recueille les enfants de l’école primaire à différents endroits sur une route pour l’instant et les amène à l’école, confortablement et en toute sécurité.
Le Pedibus ressemble à une prise en charge traditionnellement assurée par les autobus scolaires sans toutefois y inclure les moteurs.
Les principaux objectifs poursuivis dans le cadre du projet « Pedibus » sont outre le désengorgement des voies de circulation sises aux abords des écoles, tout en limitant le recours individuel à la voiture, une prise de conscience de la part des enfants, qui seront sensibilisés dès leur plus jeune âge, tant à la sécurité routière aux abords des écoles qu’à la préservation de l’environnement.
Cette expérience conviviale permettra par ailleurs aux enfants de se rendre à l’école à pied, en compagnie de leurs camarades ainsi que de leurs accompagnateurs.


 

 

 

 

 

 

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom