KlimaNews

 


News 11.05.2023 – Filmowend “Eng Äerd”

Um 20 Abrëll war zu Colmer-Bierg an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Biissen d’Virféierung vum Film “Eng Äerd”. Fir béid Gemenge war dat gläichzäiteg den Optakt vun den Accisen, déi eng Biergerbedeelegung zu dem Thema Klimaschutz bidde soll. Ënnert de Spectateure gouf no dem Film vun der Associatioun CELL eng Ëmfro iwwer déi Theme gemaach, déi an engem zweete Schrëtt vun den Accise verdéift ginn. Hei sinn d’Resultater vun dëser Ëmfro. Wann Interessi besteet un dësen Assisen Deel ze huelen, och wann Dir net beim Film dobäi waart, kennt Dir Iech gäre per Mail beim Klimateam mellen.

Rapport vun der Ëmfro


News 31.03.2023 – KlimaPakt 50%

Am Kader vum Klimapaktdag ass d’Gemeng Biissen den 31. Mäerz an der Kategorie 2 (50%) ausgezeechent ginn.

Mir setzen all eist Engagement an, fir deemnächst déi nächst Zertifizéierung (65%) ze erreechen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom