Jugendhaus “A Stenges”
D’Jugendhaus Biissen ass eng Plaz fir Jugendlecher vun 12 bis 26 Joer, wou si sech an hirer Fräizäit treffe kënnen.
D’Jugendhaus ass Méindes bis Donneschdes vu 14 bis 19 Auer op. Freides ass d’Jugendhaus vu 14 bis 22 Auer op. Eemol am Mount ass och Samschdes an Sonndes op an dat vun 14 bis 18 Auer, woubäi bei verschidden Aktivitéiten dës Auerzäiten variéieren kennen.
D’Jugendhaus gëtt op dräi verschidde Beräicher opgebaut. Dat sinn den oppenen Treff, den Aktivitéits- a Projetsberäich an de Berodungsberäich. Dofir stinn de Jugendleche verschidde Fräizäitméiglechkeeten a Raim zur Verfügung, wei z. B. e Billard, Kicker, Computeren, Chillraum, …
Nieft der alldeeglecher Offer ginn och extra Aktivitéiten a Projete wéi Kachen, Kinoowend, Kickerturnéier, Jugendcamp, Graffitiprojet asw. ugebueden.
Jugendlecher kënnen awer net nëmmen an d’Jugendhaus kommen, fir sech mat Kollegen ze treffen, mee et gëtt hinnen och Informatiounen an Hëllef an hire verschiddene Liewensberäicher (Schoul, Aarbecht, Famill…) ugebueden.
Am Jugendhaus schaffen den Tim STEFFEN, den Erko DESTANOVIC an den Laurent REDING als Educateuren.
Contact
-
Tim STEFFEN
83 50 03-252 Prendre contact -
Erko DESTANOVIC
83 50 03-253 Prendre contact -
Laurent REDING
83 50 03-251 Prendre contact