Skip to main content
Skip to footer

KlimaNews


News 19.11.2025 – Analyse énergétique pour les entreprises

FR: La commune de Bissen finance une analyse énergétique destinée à aider les entreprises locales à réduire leurs coûts d’électricité. Menée avec le Business Club Bissen et l’Energiepark Réiden S.A., l’initiative vise à préparer la création d’une communauté énergétique locale. Les entreprises ont reçu un questionnaire en octobre. Leur participation est volontaire, mais l’envoi des données POD est crucial pour permettre les simulations nécessaires. Plus il y aura de participants, plus le projet pourra devenir un vrai succès collectif.

Vous pouvez trouver le questionnaire ici: Questionnaire Entreprises

DE: Die Gemeinde Bissen finanziert eine Energieanalyse, die lokalen Unternehmen helfen soll, ihre Stromkosten zu senken. Die gemeinsam mit dem Business Club Bissen und dem Energiepark Réiden S.A. durchgeführte Initiative zielt darauf ab, die Gründung einer lokalen Energiegemeinschaft vorzubereiten. Die Unternehmen erhielten im Oktober einen Fragebogen. Die Teilnahme ist freiwillig, aber die Übermittlung der POD-Daten ist für die erforderlichen Simulationen von entscheidender Bedeutung. Je mehr Teilnehmer sich beteiligen, desto größer ist die Chance, dass das Projekt zu einem echten gemeinsamen Erfolg wird.

Den Fragebogen finden Sie hier: Fragebogen für Unternehmen


News 11.11.2025 – Waasserdag am Kader vun der Mobilitéitswoch an de Klimapakt Assisen (20.09.2025)

Zum Klimaschutz gehéiert och perséinlech Virsuerg. Am Kader vun der Mobilitéitswoch an de KlimaPakt Assisen huet d’Gemeng Biissen den 20. September e prakteschen an informativen Waasserdag organiséiert.

Do gouf iwwer de Fortschrëtt vum Klimapakt, praktesch Méiglechkeeten zur perséinlecher Virbereedung bei Iwwerschwemmungen a staarkem Reen an iwwer geplangte Moossnamen zum Iwwerschwemmungsschutz un der Attert informéiert.

Déi detailléiert Presentatioune vum Planungsbüro Hömme GbR an INCA Ingénieurs Conseils Associés S.àr.l. fannt Dir op eiser Internetsäit: www.hwbissen.lu.

An der Presentatioun vum Planungsbüro Hömme GbR fannt Dir och éischt Informatioune zu enger méiglecher gratis Objektberodung fir Haiser, déi an der extremer Héichwaasserzone (HQ extrême) leien.

D’Gemeng plangt, en Deel vun de Käschten ze iwwerhuelen, wann déi betraffe Persounen privat Moossnamen, déi an der Objektberodung als sënnvoll definéiert goufen, ëmsetzen.

Méi Informatioune dozou ginn zu engem spéideren Zäitpunkt nogereecht.


News 11.05.2023 – Filmowend “Eng Äerd”

Um 20 Abrëll war zu Colmer-Bierg an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Biissen d’Virféierung vum Film “Eng Äerd”. Fir béid Gemenge war dat gläichzäiteg den Optakt vun den Accisen, déi eng Biergerbedeelegung zu dem Thema Klimaschutz bidde soll. Ënnert de Spectateure gouf no dem Film vun der Associatioun CELL eng Ëmfro iwwer déi Theme gemaach, déi an engem zweete Schrëtt vun den Accise verdéift ginn. Hei sinn d’Resultater vun dëser Ëmfro. Wann Interessi besteet un dësen Assisen Deel ze huelen, och wann Dir net beim Film dobäi waart, kennt Dir Iech gäre per Mail beim Klimateam mellen.

Rapport vun der Ëmfro


News 31.03.2023 – KlimaPakt 50%

Am Kader vum Klimapaktdag ass d’Gemeng Biissen den 31. Mäerz an der Kategorie 2 (50%) ausgezeechent ginn.

Mir setzen all eist Engagement an, fir deemnächst déi nächst Zertifizéierung (65%) ze erreechen.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom