Trotz allem loossen mir ons d’Freed un Fuesend och dëst Joer net huelen. Um Fetten Donneschdeg war ganz Biissen a Fuesstëmmung. D’Freed bei de Kanner an der Crèche war grouss fir sech ze schminken an ze verkleeden. Déi Freed konnten mir leider duerch déi nei Moossnamen net mat den Elteren deelen. Mir wollten de Kanner awer Fuesend net enthalen an hunn den 11te Februar eng Fuesparty organiséiert. Mir hunn d’Kanner geschminkt a verkleed, sou dass och jiddereen richteg flott fir t’Party war. Et gouf gedanzt, geschneekt an och gegrimmelt, gedronk, alles an engem Wuert, et war alt nees eng Kéier richteg flott. Fir den Elteren eng kleng Freed ze maachen, hunn mir een Fotoshooting mat den Kanner gemaach, an d’Elteren konnten dann des schéin Foto owes als Erënnerung mat heem huelen.