Skip to main content
Skip to footer
Publiée le 11 septembre 2025

Europäesch Mobilitéitswoch zu Biissen

Europäesch Mobilitéitswoch zu Biissen

Programm

Ëmmer vum 16-22. September

Mobilitéit fir jiddereen


16.09

Trëppeltour 3. Alter

“Biisser Bësch fréier an haut”. Ee flotten Trëppeltour iwwert de Komfort-Wanderwee zu Biissen mat enger Féierung vun eisem Fierschter.

Wou: Trëffpunkt um Maart

Weini: 14:00

PROGRAMM:

  • 14h00: Départ um Maart
  • 17h00: Retour um Maart

17.09

Aweiung vun den Parkaueren um Rouscht & Coffee to Go

Profitéiert moies vun engem leckere Kaffi an enger gudder Mëtsch bei der Gemeng. Am Nomëtte ginn d’Parkaueren um Rouscht ageweit, an als Ofschloss gëtt et ee Patt beim ‘Golden Grape’.

Aweiung vun de Parkaueren

Wou: um Parking bei ZAC

Wéini: Usprooch vum Buergermeeschter um 17:00 (mat uschléissendem Patt bei ‘Golden Grape’)

Coffee to Go

Wou: um Parking bei der Gemeng

Wéini: vun 7 bis 9 Auer

  • Gratis Verdeele vu Kaffi a Croissant vum Schäfferot fir d’Foussgänger, Leit déi mam ëffentlechen Transport fueren, Vëlosfuerer, Carsharing, asw.

17.09 – 19.09

Scooterloop – Schoulsport am Frounert

Den Scooterloop ass eng Anlaag fir sech mat Trontinetten, Rollschung, Skateboards an allméiglechen Rullgeräter ze beweegen. D’Primärschoulskanner ginn zesummen mat dem Dr. Prof. Rolf Schwarz dohin fir jeweils eng Sportstonn.

Den Scooterloop steet vum 12 bis den 23 September am Frounert.


18.09

Konferenz mam Dr. Prof. Rolf Schwarz

Den Dr. Prof. Rolf Schwarz wäert een Virtrag haalen iwwert d’Beweegung bei den Kanner an hien wäert erklären firwat dat esou wichteg ass fir hier Entwécklung.

Wou: am Wonerbatti

PROGRAMM:

  • 19h00: Virtrag vum Dr. Prof. Rolf Schwarz
  • 20h00: Diskussiounsronn mat unschléissendem Patt

19.09

Mam Vëlo an de Lycée

Den 19.09 fueren mir zesummen mat den Schüler aus dem Saint-Anne an dem Ermesinde/LTPES an den Lycée. Mir fänken alleguer zesummen zu Biissen bei der Gemengun an fueren vun do äus op Colmer wou mir déi Schüler ansammelen an dann virun an den Lycée fueren.

All Schüler deen matfiert kritt een coolen Goodie-Bag mat flotten Saachen.

PROGRAMM:

  • 7:00: Start bei der Gemeng
  • 7:50: Arrivée beim Saint-Anne
  • 8:00: Arrivée beim Ermesinde/LTPES
  • Retour: 15 Minutten no Schoulschluss vun den Lycéen op Biissen (moies gëtt den Treffpunkt äusgemaach)

20.09

Waasserdag

Zwëschent 9 an 14 Auer sinn am Frounert een Infomobil zur Informatioun iwwert Héichwaasser an Iwwerschwämmungen, souwéi d’Pomjeen déi iwwert hir Erfaarungen mat dem Thema héi zu Biissen schwätzen.

Tëschent 11 an 12 Auer ginn verschidden Präsentatiounen gehaal an erklärt wéi dir ierch als Bierger kënnt virun Iwwerschwämmungen an Héichwaasser schützen.

Am Wonerbatti hänken och Biller vun den Kanner aus der Maison Relais, déi si zum Thema Héichwaasser an Iwwerschwemmungen gemolt hun.

Deen ganzen Dag leeft am Kader vun de KlimaPakt-Assisen.

Wou: Am Frounert & am Wonerbatti

PROGRAMM:

  • 9:00-14:00: Infomobil vum Hochwasser Kompetenz Zentrum am Frounert
  • 9:00-14:00: CIS Bissen am Frounert
  • 11:00: Unsprooch an aktuellen Stand vum Klima Pakt am Wonerbatti
  • 11:20: Virtrag vum Planungsbüro Hömme
  • 11:40: Virtrag vun Inca

22.09

Blann am Verkéier

Zësummen mat der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung organiséieren mir een Owend zum Thema “Blann am Verkéier”.

Am Wonerbatti gesidd dir wéi een een Wäissen Béngel benotzt an wéieng aner Hëllefsmëttel et fir blann Leit gett.

Et gëtt och een Parcours ugebueden wou een léiert wéi een blannen Leit kann op der Strooss hëllefen (nëmmen limitéiert Plaatzen: Umellung).

Wou: Bei der Spillschoul & am Wonerbatti

PROGRAMM

  • 17:50: Treffpunkt bei der Spillschoul fir den Parcours
  • 18:15/18:30/18:45: Startzäiten vun den Parcoursen
  • 18:00-19:00: Aktivitéiten am Wonerbatti
  • 19:00: Een Oofschlossfest mat engem Patt a Schnittercher am Wonerbatti

Documents et liens

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom