
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,
bréng ons Saachen allerhand,
fir ze kucke, fir ze schmaachen,
aus dem schéinen Himmelsland!
Bei der Dir, do stinn eis Telleren,
beieneen an enger Rei,
’t läit och Hee do fir däin Iesel,
duerfir bréng ons Spillgezei,
’t läit och Hee do fir däin Iesel,
duerfir bréng ons Spillgezei!
E Lidd dat jiddereen kënnt.
Dëst Joer wollten mir de Kanner de Kleeschen net enthalen an haten een vum Personal deen dat mat Freed schéin ëmgesat huet.
Deen Moment wéi de Kleeschen mat sengem Staf eran kënnt, héiert een t’Kanner net méi sangen, mee gesäit een wéi se mat groussen Aen a deelweis oppene Mond de Kleeschen kucken. Déi Kanner déi sech net getraut hunn eleng bei de Kleeschen ze goen, goufen begleet oder de Kleeschen ass bei si gaangen. Nodeems mir all e stoffene Sak mat Séissem kruten a Kaddoen fir an der Crèche hunn mir dem Kleeschen Äddi gesot an hunn eng kleng Stäerkung zou ons geholl; mir haten Friichtebrout gebak. Lo heescht et erëm 1 Joer brav sinn a bis nächst Joer „Léiwe Kleeschen“.