Europäesch Mobilitéitswoch zu Biissen
Ëmmer vum 16-22. September
Mobilitéit fir jiddereen
16.09
Informatiounsdag – Mobilitéit, Energie & Klima
Bei der AMECO
Fir eis Betriber:
PROGRAMM:
- 12:15-13:15 Auer: Wëllkomm mat engem Maufel
- 13:30-13:45 Auer: Usprooch vum Buergermeeschter
- 13:45-14:15 Auer: Schroeder et Associés – Mobility Management
- 14:30-15:00 Auer: Energiepark Réiden – Energieanalyse an Gemeinschaft
- 15:20-15:30 Auer: Klima-Agence – Hëllefe fir d’Betriber
- 15:50-16:20 Auer: Business Club Bissen
Fir eis Bierger :
Am Kader vun de KlimaPakt Assisen.
Porte Ouverte ab 16:45 Auer.
Hei fannt dir Informatiounen zu verschiddenen Betriber an Agencen, Infostänn an zwou Präsentatiounen mat folgenden Sujeten:
- 17:00 – 17:30 Auer: EKOS – KlimaPakt (Aktuellen Stand)
- 17:45 – 18:15 Auer: Klima-Agence – Klimabonus-Bäihëllef fir d’Bierger (Fokus op de Beräich Elektromobilitéit, HEMS, Batteriespäicher an Photovoltaik)
- 18:15 Auer: Oppen Diskussiounsronn
17.09
Mat der Maison Relais op ee VËLOSTOUR mat enger GLACE
D’Maison Relais organiséiert ee flotten Tour iwwert d’Vëlospiste fir d’Kanner. Unschléissendmachen si een kurzen Stopp beim Cyclo Croc fir eng lecker Glace ze iessen.Wann dir wëllt matmaachen, denkt un äre Vëlo.
18.09
Aweiung vum Park an der Bléi
Beim Amphitheater am Park
Den Park an der Bléi hëllt soulues Form un, dat heescht, et gëtt Zäit dësen anzeweien. No epuer Wieder vum Buergermeeschter an engem Eirewäin kënnen d’Leit sech natierlech ochde flotten Park unkucken.
PROGRAMM:
- 16:30 Auer: Rendez-vous beim Amphitheater am Park
- 16:45 Auer: Ried vum Buergermeeschter
- Unschléissend: Eirewäin an Visitt vum Park
19.09
Familjendag am Park
Een Dag voller Spill a Spaass fir Grouss a Kleng. Flott Aktivitéiten fir jiddereen an Iessen anGedrénks vum Biisser Fussball. Fir jiddereen ass eppes dobäi!
PROGRAMM:
- vun 11 bis 18 Auer: Animatioun, Iessen an Gedrénks am Park
21.09
Coffee to Go
Bei der Gemeng
Profitéiert moies vun engem leckere Kaffi an engergudder Mëtsch bei der Gemeng.
Visitte an engem Betrib fir den 3. Alter
Treffpunkt fir den Tour: Sportscomplex Biissen
Am Nomëtte kënnen eis Bierger vum 3. Alter sech fir eng Visitt vun Kiowatt aschreiwen (limitéiert Plazen) mat engem uschléissenden Kaffi a Kuch. Mir wëllen drop hiweisen, dass et um Tour vill Trapen ginn (!!!) an dass en dowéint nitt konform fir jiddereen ass. D’Visitte ass op lëtzebuergesch. Unmeldung per Telefon (83 50 03 – 538) oder per Email (emw@bissen.lu).
PROGRAMM:
Coffee to Go:
- 7:00 – 9:00 Auer: Kaffi a Mëtschen bei der Gemeng
Visitt vu Kiowatt:
- 13:30 Auer: Trëffpunkt beim Sportskomplex zu Biissen
- 14:00 Auer: Visitt vun Kiowatt
- +/- 16:00 Auer: Retour an d’Sportshal fir Kaffi a Kuch
22.09
Car Free Day – d’Schoul moolt Strooss
Fir den Car Free Day gëtt d’Rue de la Gare fir de ganzen Dag gespaart. Dëse Moment notzt déi Biisser Schoul fir de Kanner d’Méiglechkeet ze ginn, d’Strooss an ee Konschtwierk ze verwandelen.
Am Kader vum Car Free Day ruffe mir natierlech och jidder anere dozou deen Dag op den Auto ze verzichten a mam Bus, Zuch, Vëlo, … op d’Arabescht, an d’Schoul, oder all aner Plaz ze fueren.