Chantier sur la route de Roost

D’Rouschter Strooss ass geschwënn am neie Look ! Den CR 115, besser bekannt fir d’Awunner vu Biissen ënner dem Numm “Route de Roost” ass aktuell am Bau an dëst vun der Entrée vum Duerf  op d’Kräizung an der Rue Michel Stoffel.

Wéi d‘Illustratiounen weisen suergen verkéiersberouegend Moossname wéi Verkéiersinselen  net nëmmen fir d‘Sécherheet vun eise Foussgänger, mä dröen och zu engem waarem an a flotten Empfang vu Biissen bäi. Fir d‘ Mobilitéit ze förderen, ass och

e Vëloswee laanscht d’Streck virgesinn. Ënnerierdesch, gëtt och vun der Gelegenheet profitéiert  fir Besoin’en un Telekommunikatiountechnik wéi och Waasserversuergung um neitste Stand ze bréngen.

Simulations des travaux finis en 2023 :