D’Jugendhaus Biissen ass eng Plaz fir Jugendlecher vun 12 bis 26 Joer, wou si sech an hirer Fräizäit treffe kënnen.
D’Jugendhaus ass Méindes bis Donneschdes vu 14 bis 19 Auer op. Freides ass d’Jugendhaus vu 14 bis 22 Auer op. Eemol am Mount ass och Samschdes an Sonndes op an dat vun 14 bis 18 Auer, woubäi bei verschidden Aktivitéiten dës Auerzäiten variéieren kennen.
D’Jugendhaus gëtt op dräi verschidde Beräicher opgebaut. Dat sinn den oppenen Treff, den Aktivitéits- a Projetsberäich an de Berodungsberäich. Dofir stinn de Jugendleche verschidde Fräizäitméiglechkeeten a Raim zur Verfügung, wei z. B. e Billard, Kicker, Computeren, Chillraum, …
Nieft der alldeeglecher Offer ginn och extra Aktivitéiten a Projete wéi Kachen, Kinoowend, Kickerturnéier, Jugendcamp, Graffitiprojet asw. ugebueden.
Jugendlecher kënnen awer net nëmmen an d’Jugendhaus kommen, fir sech mat Kollegen ze treffen, mee et gëtt hinnen och Informatiounen an Hëllef an hire verschiddene Liewensberäicher (Schoul, Aarbecht, Famill…) ugebueden.
Am Jugendhaus schaffen d’Lucie HELLERS, den Tim STEFFEN an de Sead DESTANOVIC als Educateuren.