Le 22.09.2019 à 10:00 à Bissen (route de Mersch)

1. Fun Seefekëschterennen

Déi éischt „autofräi Deeg“ gouf et schonn an de 1950-Joren, well deemools gouf et bal en Enkpass un Äerdueleg. Hautdesdaags sinn dat éischter Aktiounsdeeg, wou d‘Stroosse gespaart ginn, fir se de Bierger zréckzeginn. Esou kënne flott Evenementer op der Strooss ofgehale ginn an et mierkt ee selwer, wéi vill Plaz esou eng Strooss an engem Duerf oder enger Stad ewechhëlt.

Zu Biissen gëtt déi vill befuere Mierscher Strooss tëschent der Route de Finsterthal an der Route de Roost vu 7 bis 22 Auer komplett fir den Trafic gespaart. Esou gëtt gewisen, wéi d‘Stroossen aneschters wéi duerch d‘Autoe benotzt kënne ginn, an dofir maache mir dorausser een Duerffest mat Sprangschlässer, Musek, Spiller, Gedrénks, Iessen an – als Highlight – eist 1. Seefekëschterennen.

 

Am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch gëtt zu Biissen den 22. September 2019 um 10 Auer ee Fun-Seefekëschterennen organiséiert.
Bass du, deng Kollegen oder Famill drun interesséiert deelzehuelen a bass du tëschent 8 an 99 Joer al an am Besëtz vun enger Seefekëscht? Da maach mat!
Weider Infoe kritt Dir am Jugendhaus, iwwert E-Mail (jugendhaus@bissen.lu) oder um +352 26 88 72 90.

Documents et liens