Publiée le 13 mars 2020

Coronavirus (COVID-19)

Wéi déi meescht Leit scho mat kritt hunn, huet eis Regierung méi drastesch Mesurë missten huele wat de Coronavirus (COVID-19) ugeet. D’Schoulen an d’Struktur d’Accueil si viraussiichtlech vum 16. bis de 29. Mäerz zou. Den Detail fann Dir um Circulaire.

Dir sidd ausserdeem gebieden den 112 oder de Gesondheetsministère just am Absolutten Noutfall unzeruffen a fir Informatiounen folgende Link ze benotzen deen op LU, DE, FR, EN ass: https://msan.gouvernement.lu/…/dossi…/2020/corona-virus.html

Ausserdem gi folgend Evenementer zu Biissen Oofgesoot:

  • 14.03 Concert Carlo Hartmann a Yannchen Hoffmann vun der Soirées Musicales
  • 15.03 Monatsversammlung vum Blummeveräin
  • 18.03 bis 21.03 Bicherausstellung vum Eltereveräin
  • 21.03 Grouss Botz vun der Gemeng
  • 21.03 Klautjesbal vum FC Attert
  • 26.03 Aweiung Sportkomplex vun der Gemeng
  • 28.03 Galaconcert vun der Fanfare
  • 29.03 Scheiss de Promi of vun der Friends4Events

Dëss Lëscht gëtt ugepasst!

Documents et liens